Datt an dëser Affär hannert zouenen Dieren diskutéiert gëtt, wier am Fong ee Skandal, esou op eis Nofro hin den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.
Dem lénken Deputéierten David Wagner no wier et ermiddend, datt CSV, DP an ADR an esou Fäll ëmmer géint eng ëffentlech Diffusioun sinn.
Dem CSV-Fraktiounschef Marc Spautz no wier et normal, datt d’Sitzung net iwwerdro gëtt. Wärend der Testphas ass nëmme fir verschidde Chamberkommissiounen ee Livestream virgesinn. Gemeinsam Sitzunge mat anere Kommissioune sinn nëmmen dann ëffentlech, wann d’Kommissiounsmemberen hir Zoustëmmung ginn.