Den LSAP Deputéierte Mars di Bartolomeo hätt an der Chamber gären e Bekenntnis vun der Gesondheetsministesch an der Regierung zum aktuelle Lëtzebuerger Gesondheetssystem gehat. D’Ministesch hätt sech zwar scho mëndlech zum Modell bekannt, mee nach wier et esou, datt den Däiwel géif am Detail leien, esou de Mars Di Bartolomeo.
"Et ass wichteg sécherzestellen, datt dës Aussoe méi wéi e Lëpsebekenntnis sinn an haut wëlle mir dofir mat eiser éischter Motioun dat Bekenntnis Schwaarz op Wäiss kréien."
D’Motioun gouf um Enn awer net ugeholl. Obwuel d'LSAP an d'CSV sech eens waren, datt de Gesondheetssystem net dierf kommerzialiséiert ginn.
Conventionnement als wichtegsten Acquis
Dem CSV-Deputéierte Marc Spautz war an der Diskussioun ëm de Gesondheetssystem och wichteg, datt d’extra-hospitalière Capacitéite sollen erweidert ginn.
"Net fir Spideeler ze schwächen, mee am Géigendeel, fir se ze ënnerstëtzen, fir d'Laascht méi equilibréiert ze maachen, ze verdeelen an d'Patiente méi séier an effizient ze erreechen."
Och d’Deputéiert vun der DP, d'Carole Hartmann, gesäit am Secteur extra-hospitalier eng Chance fir de Gesondheetssystem nohalteg ze stäerken. Dat géif awer net heeschen, datt et soll zu engem Deconventionnement kommen.
"De Conventionnement obligatoire ass ee vun deene wichtegsten Acquisen, déi mir hei zu Lëtzebuerg an eisem Gesondheetssystem hunn. Dësen erlaabt et de Patienten eenheetlech Präisser ze bidden an eeben net ongläich behandelt ze ginn. Egal aus wéi enger sozialer Schicht d'Patiente kommen, egal wéi eng Kontakter si hunn."
D’ADR wier och fir en obligatoresche Conventionnement, mee ouni Automatismus, esou d’Deputéiert Alexandra Schoos. Hir Partei wéilt déi liberal Medezin stäerken.
"Fir medezinesch Servicer an hirer Praxis unzebidden an ëmzesetzen, esou wéi dat och am Ausland méiglech ass. D'Dokteren, déi dat envisagéieren, sollen endlech déi dofir néideg Tarifuerdnung a sozial Sécherheet kréien."
Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet erkläert, et misst e Gesamtpak ginn, deen d’Gesondheetsberuffer méi attraktiv géif maachen.