Argentinien ass als grousse Favorit an de Match géint de Cap Vert gaang. D’Ekipp ronderëm de Messi a Co. huet awer fréi gemierkt, datt et keng einfach Aufgab sollt ginn.
De Cap Vert huet – wéi schonn am Match géint Spuenien – leidenschaftlech verteidegt, soudatt d’Argentinier zu net ville Chancë komm sinn.
No ronn enger hallwer Stonn war et keen anere wéi de Lionel Messi, deen den éischte Gol schéisse konnt. Doropshin huet de Cap Vert bëssen u Konzentratioun verluer, richteg ausnotze konnten d’Argentinier dat awer net.
Dramgol vum Cap Vert geet net duer
Um Ufank vun der zweeter Hallschent huet sech d’Bild du gedréint: de Cap Vert ass voll motivéiert nees op den Terrain komm, an d’Argentinier haten de Kapp nach am Vestiaire. D’Bestrofung ass an der 59. Minutt duerch den Deroy Duarte komm, deen den Ausgläich markéiere konnt.
Réischt dono huet Argentinien nees e Gang eropgeschalt, huet et awer net gepackt, nach e Gol virun der Verlängerung ze schéissen. Nëmmen dräi Minutte vun där Verlängerung ware gespillt, wéi de Martinez den 2:1 markéiere konnt. Mee och déi Féierung konnt de Cap Vert duerch en Dramgol vum Sidny ausgläichen.
An der 111. Minutt ass et dunn zu engem Selbstgol no engem Corner vum Diney komm. Endresultat: 3:2.
Den Australier versoen d'Nerven
Argentinie kann elo duerchootmen an no vir kucken. Do waart elo Ägypten an der Aachtelsfinall. D’Ekipp ronderëm hire Star Mo Salah huet sech am Eelefmeterschéisse géint Australien duerchgesat.
An engem éischter zéie Match sinn d’Pharaoe besser gestart a konnte relativ fréi mat 1:0 a Féierung goen. Dunn huet Australien de Match awer animéiert, konnt awer kee Gol schéissen.
D’Australier sinn och besser an déi zweet Hallschent komm, konnten hire Virdeel awer nees net ausnotzen. Zum Schluss huet Ägypten nees bësse besser gespillt, soudatt et verdéngt an d’Verlängerung gaang ass.
Do konnt keng Ekipp sech eng gutt Chance rausspillen. Am Eelefmeterschéissen hunn dunn zwee Australier verschoss, an d’Ägypter hunn alleguer d’Nerve behal.
Kolumbien ouni Problemer
Déi lescht afrikanesch Ekipp, déi nach an der 16tels-Final lstoung, war Ghana. Mee och fir d’Black Stars ass Schluss. Mat 1:0 huet ee sech misse géint Kolumbie geschlosse ginn. Dobäi hätt d’Resultat kënne méi héich ausfalen.
Ghana huet sech ze harmlos presentéiert a kee Schoss op de Gol ofginn. Op Kolumbie waart elo d’Schwäiz an der nächster Ronn.