arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ COSL: Eng Athletin an eng Ekipp méi am Elittekader an e Bléck op déi nächst Spiller

Olympesche Comité

|
headphones

2 min

COSL: Eng Athletin an eng Ekipp méi am Elittekader an e Bléck op déi nächst Spiller

44 Athleten a sechs Ekippen ëmfaasst den Elitekader vum COSL, dem nationalen olympesche Comité. Dat ass e Plus vu jeeweils engem Sportler an enger Ekipp am Verglach mat zejoert. Am Promotiounskader sinn 63 Athleten ze fannen.

headphones

2 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Dat ass ee Plus vu fënnef Athlet:inne par rapport zu 2025. An zwar fir d’Triathletin Jeanne Lehair a fir d’Liichtathlete Ruben Querinjean a Patrizia van der Weken.

Doriwwer eraus gëtt et fir 13 Eenzelsportler, een Duo an zwou Ekippen en olympesche Qualifikatiounsprojet, soudatt Lëtzebuerg zu Los Angeles mat méi Sportler kéint vertruede si wéi virzejoert zu Paräis.

Fanny Arendt: Nei am Elitekader 

Eng vun de Sportlerinne mat sou engem Qualifikatiounsprojet ass d’Liichtathletin Fanny Arendt, déi elo och nei am Elitekader ass. De Raymond Conzemius, techneschen Direkter vum COSL, erkläert, datt d'Fanny Arendt fir de Moment an Amerika ënnerwee ass, am Laf vum Joer zeréck op Lëtzebuerg kënnt.

"Eng super Halesaison, natierlech och e Projet de qualification olympique. Mat deenen Zäiten, déi et elo leeft, respektiv elo an der Hal gelaf ass, ass do eng Participatioun bei LA, falls de Sportler gesond ass, sécherlech eng grouss Méiglechkeet."

E weidert neit Gesiicht am COSL-Elitekader ass de Chris Rodesch.

Chris Rodesch huet de Sprong och gepackt 

Zum Tennisspiller sot de Laurent Carnol, Directeur technique adjoint vum nationalen olympesche Comité, datt de Chris Rodesch d'lescht Joer ee grousse Sprong gemaach hätt. 

"Dee sech jo dann och déi éischt Kéier fir den Haapttableau vun engem Grand-Slam zu Wimbledon qualifizéiert hat, erëm eng Kéier en Challenger gewonnen huet, wat en och scho virun zwee Joer gepackt huet, an deen dann och de Sprong ënnert déi Top 200 gepackt huet."

Hire Kritär wieren d'Top 250. Deemno wier kloer, datt de Chris Rodesch dee Sprong gepackt hätt, esou de Laurent Carnol. Domat hätt den Tennisspiller Potenzial hätt a Richtung vun den Olympesche Summerspiller 2028 zu LA.