Radioen

On air

Moiesstudio  |  D'Zukunft vum Dikrecher Stadkär

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CNS-Prozess: Manner héich Prisongsstrofen an ee Fräisproch

Geriicht

CNS-Prozess: Manner héich Prisongsstrofen an ee Fräisproch

Am Appellsprozess ëm d’Verontreiung vu Sue bei der Gesondheetskeess koumen déi Beschëllegt besser ewech, wéi an éischter Instanz. Fir dräi Ugekloter goufen et manner héich Prisongsstrofen. Een Ugeklote gouf fräigeschwat.

auto_stories

1 min

Cité judiciaire | © Laura Paredis / Pexels

Déi haaptbeschëllegt Fra hat d’CNS vun 2009 bis 2019 ëm eppes méi wéi 2 Milliounen Euro geschiedegt. Si hat an den informatesche System Remboursementer eragi fir fiktiv international Rechnungen.

An éischter Instanz ware fest Prisongsstrofe vun tëscht zwee an en halleft bis 4 Joer gesprach ginn. Déi goufen an zweeter Instanz reduzéiert op zwee bis 3 Joer feste Prisong. Een Ugeklote gouf fräigesprach. Donieft sinn d’Geldstrofe fir déi 3 Verurteelt och erofgesat ginn. Dat op all Kéier 2.000 Euro.