„De Gilbert Goergen an den André Heinen invitéieren (...) op eng Informatiounssëtzung (...). An dëser Sëtzung wäerte se verschidden Erkläerungen zur aktueller Situatioun ofginn.“. Dat stoung an enger Mail, déi d’Personal vun der CMCM krut fir eng Informatiounsversammlung am spéiden Donneschdeg Moien. Eng knapp Stonn huet dës Reunioun vum aktuellen a vum ofgesate Verwaltungsrotspresident haut gedauert. D’Personal war am Virfeld frou doriwwer, fir d’éischt zanter Wochen iwwerhaapt informéiert ze ginn.
D'Personal ass net zefridde mat den Äntwerte vum Gilbert Goergen
No der Reunioun war d’Personal, dat sech de Mëttwoch an engem Bréif op d’Säit vum ofgesate President André Heinen gestallt hat, a senger Positioun éischter bestäerkt. D’Personal wier net wierklech zefridde gewiescht mat den Äntwerte vum neie President Gilbert Goergen op Froen, déi deem gestallt goufen, heescht et aus dem Haus.
D'Personal soll d'Rou behalen, d'Aarbechtsplaze wiere sécher
Den ofgesate President vum Verwaltungsrot André Heinen sengersäits sot, ouni dofir en Interview ze ginn, d’selwecht wéi de Gilbert Goergen, datt d’Reunioun konstruktiv gewiescht wier, op Aenhéicht, an datt hien an de Gilbert Goergen net géintenee geschoss hätten. Deen huet dat confirméiert. Vu Béide wier et den Opruff un d’Personal gewiescht, fir d’Rou ze behalen, well d’Aarbechtsplaze garantéiert wieren, genee wéi d’Prestatioune fir déi ca 280.000 Membere vun der Caisse médico-complémentaire mutualiste. D’Personal hätt och wësse gelooss, datt et haut an enger Woch zu ganz vill op d’ausseruerdentlech Generalversammlung kéim, obwuel et do kee Stëmmrecht huet.
Vill Mataarbechter ginn op d'AG extraordinaire
Iwwregens schéngt den Intressi un där Assemblée générale extraordinaire ganz grouss ze sinn. Dem André Heinen no, deen dës aberuff hat, wiere schonn eng 130 vun den am Ganze ronn 150 Delegéierten ugemellt. Och dozou gouf et eng Confirmatioun vum Gilbert Goergen. Op där ausseruerdentlecher Generalversammlung, zu där d’Press net zougelooss wier, no där et awer eng Pressekonferenz géif ginn, géife béid Säiten hir Vuen duerleeën, ier et zu engem Vott kéim.
An den Ae vum André Heinen a vum Gilbert Goergen wier de Plang och deen, fir d’Statuten an deem Sënn z’änneren, datt d’Generalversammlung Leit op déi eenzel Poste wielt. Haut an enger Woch dierft een da méi zum Richtungssträit bei der CMCM wëssen, bei där et iwwer Mëtteg deemno iwwerraschend vill Konsens gouf.