Am Regierungsrot gouf de leschte Mëttwoch de Gesetzesprojet vum Inneminister Leon Gloden fir ee verschäerfte Platzverweis ugeholl.
Dobäi sinn dräi Etappe virgesinn. Déi éischt ass dobäi e Rappel à l'ordre fir déi concernéiert Persoun. Da kënnt et zur Opfuederung, fortzegoen, a finalement kann d'Police och ee mathuelen. Dat mat Force, wann et muss sinn.
Mesurë ginn nach méi repressiv ouni ze evaluéieren, ob se eppes bréngen
Déi consultativ Mënscherechtskommissioun gesäit dat kritesch, seet d'Presidentin Noémie Sadler. Et wier hirem Wëssen no net evaluéiert ginn, ob dee Platzverweis eppes bréngt an där Form wéi e lo ass.
"Da maache mer awer schonn nach méi repressiv Mesuren, virun allem dat wat d‘Poliziste lo kënne maachen. Also virdru war et jo souwisou scho rappel à l‘ordre an dann eben den Uerder fir fortzegoen. An effektiv éloignement par la force hate mer jo och elo schonn."
Dorop géif elo nach den éloignement dropgesat vun op d'mannst engem Kilometer a wärend 48 Stonnen. Dorop kënnen dann och déi Gemengeresponsabel eng interdiction temporaire vu bis zu 30 Deeg spriechen, kritiséiert d‘Presidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.