Radioen

On air

Tockcity  |  BADBADNOTGOOD - Playgroup

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Busnavetten ouni Chauffer um Belval: Éischt Passagéier am Hierscht

Mobilitéit

Busnavetten ouni Chauffer um Belval: Éischt Passagéier am Hierscht

Déi nei autonom elektresch Busnavette vun den CFL ginn op Esch-Belval elo ënner reelle Konditioune getest. 8 Passagéier hu Plaz an dësen Navetten, déi op enger 2,3-Kilometer laanger Streck um Belval wäerte fueren. Am Hierscht sollen déi éischt Passagéier kënne matfueren.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Pierre Reyland play_arrow
Foto: Pierre Reyland

D’Navett fiert eleng. Am Test elo awer nëmmen 800 Meter. Dee ganze Parcours, deen herno 2,3 km wäert sinn, geet nach net autonom. Bei den Héichiewe geet de GPS nämlech net gutt genuch, erkläert de Carlo Hansen, Chef vum Bus Service bei den CFL.

Dofir hätt een awer schonn eng Léisung fonnt: D'CFL well sech op LiDaRe baséieren. Dat si Capteuren, duerch déi d‘Navett permanent mat der Baussewelt ka kommunizéieren, fir Obstakelen a Prioritéiten ze erkennen, oder fir d'Noutbrems ze aktivéieren.

Ëmmer ee "safety steward" dobäi

Trotz där sophistiquéierter Technologie muss awer, och wann d’Test-Phas eriwwer ass, och ëmmer e sougenannte “Safety Steward” an der Navett sinn.

D’Gesetz zu Lëtzebuerg verlaangt, datt an autonome Gefierer och ëmmer ee Mënsch derbäi ass, esou d’CFL Spriecherin Alessandra Nonnweiler. Da

"Dat si Leit vun eis, déi och de Bus-Fürerschäin hunn, déi eben derbäi sinn, fir d‘Sécherheet ze garantéieren, an zu all Moment manuell kënnen agräifen, wann eppes sollt sinn.“

En zousätzlecht Transportmëttel ouni vill Kaméidi

10 CFL Bus-Chauffeure goufen extra dofir ausgebilt, bei der neiséilännescher Firma HMI Technologies, déi d’Navette produzéiert huet. 25 Kilometer an der Stonn ass déi maximal Vitesse. D’Navett huet eng Klimaanlag, a stéisst keen CO2 aus, well se elektresch ass. Si mécht dofir och net vill Kaméidi.

An dëser Navett ass Plaz fir 8 Passagéier, déi sëtze mussen. Si ass accessibel fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. An, wann alles riicht leeft, solle vum Hierscht un déi éischt Passagéier um Belval kënne matgeholl ginn.

Déi zwou Navette bleiwen dann op véier Arrête stoen. Zu der Zil-Clientèle zielen zum Beispill Leit, déi op der Zuchgare Esch-Belval ukommen, Uni- a Lycée-Studenten a Studentinnen, oder nach Awunner vum CIPA.

D‘Navett ass een zousätzlecht Transportmëttel op enger Stréck, op där bis elo nach kee Bus fiert.

Net déi éischt an och net déi lescht autonom Navetten

D’Eisebunn hofft, an Zukunft och autonom Navetten op anere Plaze kënnen unzebidden. Déi um Belval sinn net déi éischt hei am Land. 2018 hat Conter eng autonom Bus-Navett tëschent der Sandweiler Gare an der Industriezon agesat.

An der Haaptstad fuerten zwee autonom Shuttelen tëschent dem Pafendaller Lift an dem Funiculaire, an Esch-Uelzecht den autonomem Uelzechtmobil an der Uelzechtstrooss.

Lauschterenplay_arrow