De Regierungschef war d‘lescht Woch fréizäiteg vun der Gedenkzeremonie fir den 80. Joresdag vum D-Day a Frankräich ofgereest an hat doduerch een Treffe mam US-Präsident Joe Biden, dem Bundeskanzler Olaf Scholz an dem franséische President Emmanuel Macron verpasst.
Dat hat och an den eegene Reie fir vill Kritik gesuergt. Hien hat sech duerno dofir entschëllegt. De Sunak a seng Konservativ Tory-Partei leien an alle Sondage hannert der sozialdemokratescher Labour-Partei.