Schonn 2020 hätt de Modell 777-X vu Boeing op de Marché kommen, mee et kënnt ëmmer rëm zu Problemer a Retarden.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Boeing muss Testflich mat der 777-X annuléieren
Aviatioun
Boeing muss Testflich mat der 777-X annuléieren
Boeing huet weider Testflich fir den neie Fliger vum Modell 777-X ausgesat. Dat nodeems Schied constatéiert goufen un engem Stéck, dat d'Turbinne mam Fligel verbënnt. Boeing géif aktuell dat betraffent Stéck ënnersichen a weider Testflich duerchféieren, soubal dat erëm méiglech ass, esou ee Spriecher géintiwwer der AFP.
auto_stories
1 min