"Blizzard" ass zwar keen explizite Chrëschtdagsalbum, mee den Timing vun der Release ass schonn zimmlech passend, well et een Disk ass, dee bei dës besënnlech, introspektiv an och festlech Joreszäit passt. Et ass Folk, et ass Indierock, et ginn awer och immens vill orchestral Aflëss. Mir héieren niewent Gittar a Piano och nach Cello, Gei, Saxophon oder Akkordeon.
Léift ass net d'Äntwert op all Problemer
D’Stécker si mol immens saturéiert an dense, de Saxophon danzt aus der Réi oder eng Flute schläicht sech eran. Dann awer och mol immens reduzéiert, roueg, opgeraumt. An hei an do souguer dës béid Stëmmunge mateneen, zum Beispill am Song “Love is”, dee mat engem ganz melancholeschen, doucë Piano ufänkt an da reegelrecht an e poppege Folkhit explodéiert. E Song doriwwer, wat d’Léift alles net ass. Klenge Spoiler: Et ass net d’Äntwert op all Problemer.
Den Dove Ellis ass en introvertéierte Kënschtler. Eet gëtt quasi keng Informatiounen iwwer hien, keng Interviews. Hien ass gebierteg aus Irland, wunnt awer zënter puer Joer zu Manchester an huet nach virun e puer Méint a klenge Pubs a Groussbrittannien gespillt.
Hype huet net laang op sech waarde gelooss
Mee et koum séier zu engem gewëssen Hype, wéi hien am Virprogramm vun där Band opgedaucht ass, déi dëst Joer wuel de gréissten Hype iwwerhaapt ausgeléist huet, nämlech d’New Yorker Formatioun Geese.
An iergendwéi passt et och, well virun zimmlech genee engem Joer den Debutalbum vum Geese-Frontmann Cameron Winter erauskoum. Een Album deen et zwar net méi an d’Topplëschte vun 2024 gepackt huet, mee 2025 dofir ëmsou méi erfollegräich war. An och "Blizzard" an den Dove Ellis wäerten nach wäit an d’nächst Joer era fir Opmierksamkeet suergen.
Wien dësen Album lauschtert, dee kënnt beim Dove Ellis sengem Falsetto séier beim Jeff Buckley, dem Rufus Wainwrigt, dem H. Hawkline, villäicht och dem Thom Yorke un. An och e wéineg Cameron Winter stécht an dësem Debutalbum, mat senge poetesche Lyrics iwwer d’Léift an hier Kontradiktiounen.