Wéi och schonn déi lescht zwee Joer plangt de Broadcaster RTL eng zimmlech grouss Show: Déi 8 Kandidaten, also den Hugo One, den Trio Shirokuro, d’Irem, d’Eva Marija, de Steve Castile, den Andrew the Martian, d’Daryss, an de Luzac presentéieren noeneen hir Lidder an da gëtt an zwou Etappen ofgestëmmt. Eng international Jury an de Public decidéiere jeeweils zur Hallschent, wien an d’Top 3 kënnt an da wien d’Gewënnerin oder de Gewënner vum Owend ass a fir Lëtzebuerg op Wien geet.
Iwwer déi lescht Méint gouf intensiv un den Optrëtter geschafft. Zënter den Auditions hätt sech vill gedoen, ouni awer grondsätzlech eppes un de Lidder ze veränneren, esou de Chef vun der Lëtzebuerger ESC-Delegatioun David Gloesener.
"Et gouf net esou vill un de Songs verännert, muss ech soen. Trainéiert hu se natierlech vill. Si haten de Vocal -Coaching, dee mer mat hinnen ëmmer maachen. Mir haten e Workshop, wou mer zwee Deeg intensiv hei zu Lëtzebuerg och mat de Coachen zesumme mat hinne geschafft hunn. Si haten awer elo am Virfeld natierlech vill Prouwe fir de Staging."
D'Musek: Vu Rap bis hin zu Balladen
D’Organisateuren hunn anescht wéi d’lescht Joer schonn duerchblécke gelooss wien d’ "Special Acts" vum Owend wäerte sinn: an zwar soll ënnert anerem den JJ, den ESC-Gewënner vu leschtem Joer, mat dobäi sinn.
D’Stiler vun de Lidder gi vu Rap, Rock bis hin zu 80s Pop a Balladen. Déi meescht goufe vu Lëtzebuerger matgeschriwwen, 6 vun hinne sinn an Zesummenaarbecht mat internationale Produzenten a sougenannten “Songwriting Camps” entstanen.
Et wéilt ee weider d’Lëtzebuerger Contributioun bei dësem ganze Prozess promovéieren, ma et muss awer an d’ESC-Welt passen, seet den David Gloesener.
"Och d'Lëtzebuerger Kulturzeen an d'Musekszeen versteet, wat mer bei der Eurovisioun brauchen. Do ass jo awer e gewëssene Stil verlaangt, soen ech elo mol. Et muss an e gewësse Kontext passen. An déi Leit, déi do wëlle matmaachen, déi ginn dann an déi Songwriting Camps, fir dann eebe mat Leit, déi Erfarung hunn an deene Saachen zesummenzeschaffen an dat dann och vläicht ze léieren, fir dat selwer herno ganz eleng zum Beispill ze maachen."
Fir dat ganzt Konzept vum Bünebild a vun de Kostümer vun den Artiste gouf wéi och schonn déi lescht Jore mat der ukrainescher Produktiounsfirma One2Remeber zesummegeschafft.
"Et war eng ganz gutt Collaboratioun a mir haten u sech kee Grond net méi mat hinnen ze schaffen."
Finanzéiert gëtt de ganzen Eurovisiounsprojet vum Staat – am Staatsbudget si fir dëst Joer 1,6 Milliounen Euro virgesinn.
Net nëmme Kaméidi an der Rockhal mee och virdrun - Protest beim LSC ugekënnegt
Am Kader vun der Lëtzebuerger Participatioun um Eurovision Song Contest hunn déi Lénk eng Protestaktioun virun der Rockhal annoncéiert. An engem Post op de Soziale Medie kritiséieren déi Lénk, datt Lëtzebuerg sech net kloer géint déi israeelesch Participatioun um Museksconcours positionéiert. Weder op een oppene Bréif nach op hir Protestaktioun leschte Mount virum RTL-Gebai hätte si eng Äntwert kritt, esou nach déi Lénk. D’Partei fuerdert, datt Israel wéinst dem Krich an der Gazasträif vum Eurovision Song Contest ausgeschloss gëtt.