/ Blinken: D'Ukrain weess am beschten, wéi si sech verdeedege muss
Ziler a Russland viséieren?
Blinken: D'Ukrain weess am beschten, wéi si sech verdeedege muss
Den US-Ausseminister Antony Blinken huet Flexibilitéit ugedeit bei der Fro, ob d’Ukrain westlech Waffen och géint militäresch Ziler a Russland soll kënnen asetzen. Zënter dem Ufank vum Krich hätt d’US-Regierung hir Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ëmmer u changéiert Bedingungen ugepasst, esou de Blinken bei senger Visitt a Moldau. Hie wier zouversiichtlech, datt een dat och weider géif maachen, esou de Minister.
Den Antony Blinken huet preziséiert, datt d’US-Regierung Attacke mat US-Waffen op Ziler baussent der Ukrain weder méiglech gemaach, nach encouragéiert hätt. D’Ukrain selwer misst decidéieren, wéi si sech am beschte verdeedege kann. D’USA wéilten dofir suergen, datt d’Ukrain dat néideg Equipement dofir kritt.
De franséische President hat virgëschter däitlech gemaach, der Ukrain wëllen ze erlaben, militäresch Positiounen a Russland och mat westleche Waffen unzegräifen.