Mat der neier staatlecher Hëllef wëllt d'CSV-DP-Regierung Stéit mat niddrege Revenuen den Zougang zu engem Elektroauto vereinfachen.
Konkret kënne Persounen, déi de “complément vie chère” kréien, vum 1. Januar 2027 un déi nei finanziell Hëllef ufroen. Fir si iwwerhëlt de Staat en Deel vun de Käschte fir e Leasing vun engem neien oder Occasiouns-Elektroauto.
Zomme ginn direkt vum Leasingspräis ofgehalen
Et geet op dräi Joer gekuckt ëm bis zu 10.800 Euro fir en neien a 4.500 Euro fir e gebrauchten elektreschen Auto. Déi Zomme ginn net un d'Beneficiairen ausbezuelt, mee direkt vum Leasingpräis ofgezunn. Een Acompte ass dobäi net obligatoresch.
De Leasingkontrakt leeft dann iwwer 36 Méint, also dräi Joer. Am Präis mussen nieft dem Auto och Servicer wéi den Ënnerhalt, Reparaturen duerch normale Verschläiss, Pneuen, Versécherungen an d'Administratioun vum Leasing mat abegraff sinn. Pro Stot dierf d’Hëllef an deenen dräi Joer just eemol gläichzäiteg ugefrot ginn. No den dräi Joer kann een awer eng nei Demande stellen.
Ronn 7.800 Leit kënnen d'Hëllef kréien
Finanzéiert gëtt dës Mesure zu Dräivéierel iwwer den europäesche soziale Klimafong, an zu engem Véirel iwwer den nationale Klima-an Energiefong. D’Gesamtkäschte fir de Programm bis 2032 schätzt de Ministère op ronn 78,3 Milliounen Euro.
Eng 7.800 Stéit kéinten aktuell vun der Hëllef profitéieren, schreift den CSV-Ëmweltminister am Exposé des Motifs vu sengem Gesetzesprojet. De Gesetzesprojet muss nach dëst Joer vun der Chamber gestëmmt ginn, fir datt d’Mesure kann op den 1. Januar a Kraaft trieden. Iwwergangsweis kënnen och Stéit, déi dëst Joer eng Energieprimm kruten, nach am Laf vum Joer 2027 vun deem neie System profitéieren.
D’Mesure vum soziale Leasing fir Elektroautoen ass am Klima- an Energieplang virgesinn, a gouf mam Tripartitesaccord vun dësem Joer nach eng Kéier confirméiert.