arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bis ewell gëtt et kee Kerosinmanktem dee kéint d'Operatioune vum Findel aschränken

Energie

|
reading time

1 min

Bis ewell gëtt et kee Kerosinmanktem dee kéint d'Operatioune vum Findel aschränken

Fir de Moment gesäit d'Regierung nach kee konkrete Grond, datt d'Operatioune vum
Lëtzebuerger Fluchhafen aus iwwer de Summer net kéinten assuréiert ginn, wéinst eventuellem Kerosinmanktem.

reading time

1 min

Findel | © Wikimediacommons
Findel (Foto: Wikimediacommons)

Well d’Situatioun awer volatil ass, géif se vun allen implizéierten Acteure permanent suivéiert ginn, äntweren déi zwee zoustänneg Ministere Yuriko Backes a Lex Delles op eng parlamentaresch Fro vun der ADR.

D'Regierung huet och decidéiert ee Koordinatiounsgrupp an d'Liewen ze ruffen, fir direkt kënnen ze reagéieren, wann et zu Engpäss géif kommen.