D'USA schéngen iwwerdeems net impressionéiert ze si vun deem NATO-Asaz a Grönland. Dem US-President Donald Trump seng Spriecherin Karoline Leavitt sot, si géif net mengen, datt den Asaz een Afloss op dem Donald Trump seng Pläng hätt.
Gëschter um Donneschdeg sinn zwee dänesch Truppentransportfliger op Grönland gelant. Frankräich, Däitschland, Schweden an Norwege wëllen Zaldote schécken. Och Holland, Finnland a Groussbritannie wëlle sech elo mat engagéieren.