Méi wéi 5.300 Pompjeeën, Zaldoten a Secouriste kämpfe géint 20 gréisser Bränn. Am schlëmmste betraff sinn d'Regiounen Aveiro, Porto, Coimbra a Viseu. Der portugisescher Noriichtenagence Luso no, si bis elo 62.000 Hektar Bësch a Vegetatioun verbrannt.
Fir ze hëllefen hu Spuenien, Italien, Frankräich a Griicheland Läschfligeren a Portugal geschéckt.