Radioen

On air

Notturno  |  Califone - Ox-Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bilan zur Schueberfouer: De CGDIS huet 312 Persounen en charge geholl

5 Asätz fir de SAMU

Bilan zur Schueberfouer: De CGDIS huet 312 Persounen en charge geholl

De CGDIS zitt e Bilan vun der Presenz vu senge Mataarbechter op der Schueberfouer. D‘Pompjeeë vum CGDIS hätten am Ganzen 312 Persounen op der Fouer en charge geholl. Déi meescht dovun awer fir harmlos Problemer.

auto_stories

1 min

31 Persounen hu mat der Ambulanz missten an d‘Urgence gefouert ginn. Bei 5 dovun huet de SAMU misste kommen. 

Bei der Pann, déi et op engem Spill gouf, a wou Leit blockéiert waren, huet de CGDIS net missten intervenéieren.