D’Europäesch Unioun dréckt op de Gas a Saachen Handelsaccorden. Nodeems virun 10 Deeg de Mercosur-Accord mat véier latäinamerikanesche Länner ënnerschriwwe gouf, huet d’Europäesch Kommissioun um Dënschdemoie matgedeelt, datt d’Verhandlungen iwwert een Ofkommes mat Indien ofgeschloss goufen.
D’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen an de Conseilspresident António Costa sinn zënter gëschter Méindeg zu New Delhi op Besuch. Haut steet een offiziellen EU-Indien-Sommet um Programm.
Ursula von der Leyen: "Mamm" vun allen EU-Handelsaccorden
Als "Mamm vun allen Handelsaccorden" hat d’Ursula von der Leyen dee mat Indie bezeechent.
D’Zuele sinn impressionant: Betraff vum Ofkommes wieren ëmmerhin zwou Milliarde Leit. Am Verglach: Beim an der Lescht vill diskutéierte Mercosur-Accord mat véier südamerikanesche Länner geet et ëm ee Marché fir ronn 700 Millioune Persounen.
Xavier Bettel: Staatsvisitt an Indie geplangt
Lëtzebuerg wier dofir, datt esou een Accord mat Indie séier ofgeschloss gëtt. Dat hat den Aussen- an Aussenhandelsminister Xavier Bettel schonn uganks Januar betount, wéi säin indeschen Homolog zu Lëtzebuerg op Besuch war.
D’Regierung plangt, ee Bureau zu Mumbai opzemaachen, fir d’Zesummenaarbecht am Beräich vun de Finanzservicer ze promovéieren. Grad an deem Beräich gesäit de Vizepremier grouss Méiglechkeeten.
Et wier wichteg, d’Opportunitéite vun esou engem Partenariat ze notzen, esou de Xavier Bettel am 100,7-Interview.
"Virun allem d'Finanzen. Dat do si grouss Opportunitéiten, mee awer och an der Recherche oder och am Satellitteberäich, wou et och schonn Echangë ginn."
Hien hätt wëlles, dëst Joer mat enger Wirtschaftsdelegatioun an Indien ze reesen an hie géing hoffen, bannent den nächsten zwee Joer eng Staatsvisitt an Indie kënnen ze organiséieren. "Dat wier am Interêt vu Lëtzebuerg", esou den DP-Politiker.
Klimaschutz a Mënscherechter - Deel vum Accord?
Wärend de Verhandlungen hat Indie Bedenken ugemellt wat d’Aschreiwen vu Konditiounen iwwer de Klimaschutz oder d’Mënscherechter an een Accord ugeet.
An engem Fräihandels-Ofkommes mat Indien sollten déi nämmlecht Standarden ugesat ginn, wéi mat anere Partner, seet dozou de Xavier Bettel.
Dat wier eng Saach vu Kredibilitéit.
Mee an där Hisiicht hätt d’EU och eppes ze verléieren, esou den DP-Politiker. De Xavier Bettel weist op méiglech weider Retarden hin, déi een elo wéinst engem Vott am Europaparlament beim Mercosur-Accord kéint kréien, iwwer deen ëmmerhi 25 verhandelt goufen.
"Mir sollen eis freeën, wa verschidde Länner Loscht hu mat Europa am Moment ze schaffen."
Proximitéit zu Russland: De Xavier Bettel gesäit kee Problem
D’Gespréicher iwwer een Accord mat Indien hunn och schonn 2007 ugefaangen. Si goufen no enger Paus vun der Kommissioun virun dräi Joer relancéiert.
D’EU ass no China a virun den USA deen zweetgréissten Handelspartner fir Indien. 2024 goufe Wueren am Wäert vun 120 Milliarden Euro tëschent béide Säiten ausgetosch. An de leschten zéng Joer huet sech den Handel verduebelt.
Indien bréngt awer ee weidere Problem mat sech: D’Proximitéit zu Russland an d’Haltung par rapport zur Ukrain sinn net op enger Linn mat der EU.
Nach am Dezember hat de Premier Modi de russesche President Putin empfaang.
De Xavier Bettel gesäit an den indesch-russesche Relatioune kee Problem en vue vun engem EU-Indien Accord. Indie géif virun allem den Dialog mat Russland sichen, esou den Aussen- an Handelsminister.
"Si wëllen einfach och e Kanal sinn, fir villäicht en Dialog kënnen ze hu mat deem engen oder mat deem aneren. Wa mir just nach mat Leit wëllen diskutéieren, déi genau dat selwecht maache mussen, wéi mir menge sollt richteg sinn, da wäerte mir op eng Kéier ganz eleng sinn."
An der EU selwer géifen et Membere ginn, déi dem Putin no stinn, esou de Minister virun.
"Mir sollen net deenen anere Lektioune ginn, wa mir selwer an eiser Famill Leit hunn, déi et jo net stéiert, do zesummen ze kommen."
Verschidde Punkte si bis zum Schluss op bliwwen
Fir Indie kéim een Accord mat der EU zur richteger Zäit. D’Land muss den Ament Douanestaxe vu 50 Prozent op Importer aus den USA erdroen.
D’EU hofft drop, datt Indien Douanestaxen op Autoe géif erofsetzen, wärend New Delhi drop setzt, datt indesche Stol net vun den europäeschen Taxen oder vun der CO2-Import-Steier betraff wier.
Béid Punkte ware bis zum Schluss vun de Verhandlungen ëmstridden.
Och d’Fro, wéi eng Agrarproduiten Deel vum Accord wieren, war nach op. D’EU-Kommissioun wollt dozou eréischt dann Detailer bekannt ginn, wann d’Verhandlunge bis ofgeschloss sinn.
Nodeems datt de Fall ass, ass et un den EU-Memberlänner an dem Europaparlament, sech mam Accord ze befaassen.