arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbrand an der Äifel ass dee gréisste jeemools an der Geschicht vun NRW

Däitschland

|
reading time

1 min

Bëschbrand an der Äifel ass dee gréisste jeemools an der Geschicht vun NRW

De Bëschbrand am Hürtgenwald am Nationalpark Äifel wier dee gréisste jeemools an der Geschicht vun Nordrhein-Westfalen, sot déi fir dat Bundesland zoustänneg Landwirtschaftsministerin Silke Gorißen bei engem Treffe mat de Pompjeeën op der Plaz.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa/Winkler TV | Andreas Winkler
(Foto: picture alliance/dpa/Winkler TV | Andreas Winkler)

Wéinst dem Feier goufen all déi ronn 1.800 Awunner:innen aus der Uertschaft Gey no un der belscher Grenz evakuéiert.

D‘Feier huet scho ronn 300 Hektar Bësch zerstéiert a war hënt nëmmen e puer Honnert Meter vun der Uertschaft ewech. Déi lokal Pompjeeë kruten Ënnerstëtzung vu Pompjeescorpsen aus anere Bundeslänner an och vum Militär.

D‘Läschaarbechten si schwiereg an och geféierlech, well am Bësch, wou et brennt, nach vill Munitioun aus dem Zweete Weltkrich läit.