Radioen

On air

9 bis 1  |  Why Bonnie - Dotted Line

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Berlin: Klimaaktivist no Hongerstreik a Spidol ageliwwert

Protest géint déi däitsch Regierung

Berlin: Klimaaktivist no Hongerstreik a Spidol ageliwwert

Zu Berlin gouf ee vun de Klimaaktivisten, déi an engem Hongerstreik sinn, an eng Klinik ageliwwert. De Mann vun 49 Joer wier an akuter Liewensgefor, soten d‘Dokteren. Hie wier zënter 89 Deeg am Hongerstreik gewiescht.

auto_stories

1 min

Wolfgang Metzeler | © picture alliance / Jörg Carstensen
De Wolfgang Wolli Metzeler-Kick ass zënter e puer Wochen am Hongerstreik a läit elo an der Klinik. (Foto: picture alliance / Jörg Carstensen)

E puer vun den aneren Aktivisten, déi zënter Wochen zu Berlin am Hongerstreik sinn, wiere gesondheetlech an engem deels ganz schlechtem Zoustand, esou nach d‘Dokteren.

D‘Klimaaktiviste fuerdere vum däitsche Kanzler Olaf Scholz an der däitscher Regierung méi Efforte fir d‘Klimakris ze bekämpfen.