Dat an engem schwierege geopolitesche Kontext, gëtt de Premier Luc Frieden nom Treffe virun der Press ze verstoen. Allen dräi ënnersträichen, wéi wichteg dës historesch Benelux-Allianz an dësen Zäiten nach eemol ginn ass. Wat Defense ugeet, wëllt een an den Ausgabe méi effizient ginn. Et dat wier een, wann een zesumme géif kafen an zesumme géif produzéieren, esou de Luc Frieden.
2 Prozent vum PIB respektiv PNB fir d'Defense
Dat och am Kontext fir d'Zil ze erreechen 2 Prozent vum Räichtum vum Land an d'NATO ze investéieren, ënnersträicht de belsche Premier Baart de Wever vun der flammännescher Nationalistescher Partei N-VA. Hie geet dovun aus, datt dat Zil um nächsten NATO-Sommet kéint eropgesat ginn.
Méi staark zesummeschaffe wëllen déi dräi Länner iwwerdeems och, fir géint illegal Migratioun a grenziwwerschreidend Kriminalitéit virzegoen. De Schengen-Accord misst dobäi awer respektéiert ginn, betount de Luc Frieden.
Kee Konsens bei Grenzkontrollen
Den hollännesche Premier Dick Schoof fënnt dat och. Holland selwer mécht awer och zënter e puer Méint Kontrollen un den hollännesche Grenzen "bannent dem Kader vum Schengen-Accord".
De Baart de Wever huet sech géint Grenzkontrollen ausgeschwat. Hie kéint sech virstellen, datt d'Länner dat fir eng gewëssen Zäit fir noutwenneg halen.
"Perséinlech mengen ech awer net, datt et déi bescht Aart a Weis ass seng Suen auszeginn, fir illegal Migratioun oder grenziwwerschreidend Kriminalitéit an de Grëff ze kréien.”
Kloer Mesurë goufen op dësem Treffen iwwerdeems nach net decidéiert. Et wier een éischten Austausch vun Iddie gewiescht, un deenen een elo weiderschaffe misst.