Den neien Negociateur kritt ronn 10 Deeg Zäit fir dem Kinnek säi Rapport virzeleeën. D‘Verhandlunge riskéieren awer méi laang ze daueren. An de Joren 2010-11 hat et 541 Deeg gedauert, bis d‘Belsch eng nei Regierung hat.
Bei der éischter Verhandlungsronn elo, déi de flämesche Konservative Bart de Waver vun N-VA am Juli ugefaangen hat, konnt keen Accord fonnt ginn. Nieft Les Engagés an der N-VA sinn dräi aner politesch Formatiounen am Prinzip d‘Accord, zesummen ze regéieren – an zwar déi Liberal MR an, op flamännescher Säit, d‘Chrëschtdemokraten an déi fréier Sozialisten.