Esou gi 600 bis 700 Platen den Dag preparéieren, seet de Bob Ritz vun der Stëmm. An hirem Atelier Caddy schaffen eng 35 bis 40 Leit dorunner. Wann d’Wuer geliwwert gëtt, maache si den Tri vun deem, wat nach gutt ass, schneide Geméis, maache Bréidercher a preparéieren d’Molzechten.
"Mir kréien allerhand geliwwert", seet de Bob Ritz, "frësch Saache, Fleesch, Charcuterie, Produiten aus der Crèmerie, a sou weider.” Déi Wuer, déi dacks e kuerzen Oflafdatum huet, muss séier verschafft ginn: "Dat geschitt den Dag vun der Livraisoun", esou de Bob Ritz. Do ginn et ganz strikt Reegelen, déi agehale musse ginn.
Et geet nach ëmmer net duer
"D’"Stëmm vun der Strooss" kritt awer nach net genuch Wuer, a muss och bäikafe, preziséiert de Bob Ritz nach. Si hunn dofir nach eng Kooperatioun,mat der International School, wou se zweemol an der Woch dat siche ginn, wat an der Kantin iwwereg bliwwen ass. Och dat gëtt den Dag selwer nach verschafft.
Am Kader vum Weltdag géingt de Gaspillage huet d’Regierung an engem Communiqué drop higewisen, datt 28 Prozent vun de landwirtschaftlechen Territoirë fir näischt exploitéiert ginn, well dat, wat do wiisst, ewech geheit gëtt. Dobäi gëtt och enorm vill Waasser verbëtzt.