Fir déi 68 Salariéë vun der Satellitefirma SES hei zu Lëtzebuerg wieren elo Mesurë wéi d’Pré-Retraite a Formatioune fir en internen oder externe Ré-Emploi geplangt. Et hätt ee sech awer eigentlech e plan de maintien dans l’emploi gewënscht, sou d’ Julie Roden vum OGBL.
D’Gewerkschafte geheien der Firma vir, keng Loyalitéit vis-à-vis vun de Mataarbechter oder der Lëtzebuerger Wirtschaft ze weisen. Et wier och d’Aart an Weis wéi kommunizéiert gi wier, sou d’Julie Roden vum OGBL. 2023 wier de leschte plan de maintien dans l‘emploi verhandelt ginn, woufir d‘SES och eng gewëssen Zomm vu staatleche Gelder kritt hätt. E puer Méint drop wier dunn annoncéiert ginn, datt d‘SES Intelsat integréiere wëllt an elo sollen Aarbechtsplazen delokaliséiert ginn, kritiséiert d‘Julie Roden.
D'Gewerkschafte rechne mat weiderem Personalofbau
Dräi plans de maintient dans l‘emploie waren zënter 2020 schonn ausgehandelt ginn. Den OGBL an den LCGB rappelléieren, datt d’SES méi wéi 12 Milliounen Euro Staatshëllef heifir kruten.
Fir dat zweet Quartal 2025 rechnen déi zwou Gewerkschafte wéinst der Integratioun vun Intelsat mat weiderem Personal-Ofbau.
Weltwäit beschäftegt d’ SES ronn 2.000 Employéen op 20 verschidde Standuerter. Zu Betzder beim Schlass schaffen iwwer 600 Leit.