Den ëmstriddene Facebook-Kommentar vum ADR-Member Alain Hoffmann steet den Owend um Ordre du jour vum Nationalcomité vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei. Dëse Facebook-Kommentar ass och der Bee Secure Stopline gemellt ginn.
Den ADR-Kandidat bei de Gemengewalen 2023 zu Diddeleng hat jo d’lescht Woch op der Facebook-Säit vun RTL zu Gewalt géint déi Lénk opgeruff.
Potentiell illegal Kommentare ginn un d‘Police judiciaire
Et kréich ee reegelméisseg esou Posten op der Stopline gemellt, seet d’Aline Hartz vu Bee Secure. Bei potentiell illegalen Inhalter, géif fir d’éischt eng Kontextanalys gemaach ginn, erkläert d’Psychologin.
„Mir kucken och ëmmer zu zwee op all Kommentar an all Kommentar, dee potentiell illegal ass, gi mir da weider un d’Police judiciaire, a si maachen dann hire Fazit, also hir Enquête, hir Analys a ginn et da weider un de Parquet.“
Inhalter kënnen anonym gemellt ginn
D’Bee Secure Stopline bitt der Ëffentlechkeet d’Méiglechkeet Inhalter aus dem Internet anonym a vertraulech ze mellen. Dorënner och Opriff zu Gewalt, zur Hetz oder zum Haass, erkläert, d‘Aline Hartz.
Bee Secure ass eng Initiativ vun der Regierung, an Zesummenaarbecht mat ënner anerem der Police an dem Parquet. Iwwer een interaktive Formular kënne méiglech illegal Inhalter gemellt ginn.
Aktualitéit beaflosst d‘Meldungen déi erakommen
D‘Meldungen déi bei Bee Secure erakommen, géifen ëmmer op der Aktualitéit baséieren.
Wéinst dem ëmstriddene Kommentar vum ADR-Member Alain Hoffmann vun der leschter Woch, hat d’ADR eng parteiintern Analys ugekënnegt. D’Spriecherin vun déi Lénk Carole Thoma hat wéinst dem Facebook-Kommentar eng Plainte gemaach.