Am Juli koum et zum éischte Fall vun der dermatose nodulaire a Frankräich, och bekannt als 'Lumpy-Skin-Krankheet'. Zënterhier goufen iwwer 3.000 Kéi a Frankräich dowéinst geschluecht.
Et bleift net bei eenzelne Schluechtungen
Gëschter um Freideg hunn och nees missen 207 Kéi ëmbruecht ginn, well et bei engem Bauer am Südweste vum Land e Fall gouf. Dëse Virus ass zwar fir de Mënsch net geféierlech an net iwwerdrobar, mee ganz ustiechend fir d’Kéi.
Dofir muss bei enger infizéierter Kou direkt déi ganz Häerd mat geschluecht ginn, fir eng weider Ausbreedung ze verhënneren.
Gréisst Gewerkschaft vertraut der Wëssenschaft
Dogéint protestéieren awer zënter gëschter Baueren am Südweste vum Land, ënnerstëtzt vun de Gewerkschafte Confédération paysanne a Coordination rurale.
Déi gréisste Gewerkschaft FNSEA stellt sech awer hanner d’Wëssenschaft a seet, et misst ee leider all Déiere schluechten, déi potentiell infizéiert kéinte sinn.
D’Bauere wëllen awer, datt déi aner Kéi just a Quarantän gesat ginn. Dofir blockéiere si zum Beispill zënter gëschter d’Autobunn A64 tëschent Toulouse a Bayonne.
Weider Protestaktioune fir haut si virgesinn.
Export kéint drënner leiden
D’Landwirtschaftsministesch Annie Genevard war de Moien Invitée op ici an huet annoncéiert, datt een an den nächste Wochen iwwer 1 Millioun Kéi an de betraffene Regioune wäert impfen.
D’Gewerkschaft FNSEA fäert awer, datt eng flächendeckend Impfung eleng Frankräich säi Status als seuchefräi kéint kaschten an domadder negativ Auswierkungen op den Export vu Kéi an hire Produite kéint hunn.