De Premier Michel Barnier huet een Appell un d‘Deputéiert lancéiert fir d‘Zukunft vun der Natioun iwwert individuell Interessien ze setzen.
La France Insoumise huet wéi ze erwaarden eng Motioun fir ee Mësstrauensvott géint d‘Regierung deposéiert. An de rietsextreeme Rassemblement National wäert sech dem Mësstrauensvott uschléissen. Dat huet d‘Partei op X ugekënnegt.
D‘Gauche an den RN hätten zesumme genuch Stëmme fir duerch ee Mësstrauensvott d‘Regierung vum Michel Barnier ze stierzen. De President Emmanuel Macron géif doduerch zwar net ofgewielt ginn, awer och ënner Drock gesat ginn.
Datt et den Ament a Frankräich, der Belsch an an Däitschland keng stabil Regierung géif gi wier "schlecht fir Europa". Dat sot de Premier Luc Frieden bei enger Aarbechtsvisitt zu Saarbrécken.