Radioen

On air

9 bis 1  |  Alabama Shakes - Hold On

play_arrow Live
search

/ Bärbelefeier vum CGDIS: Zivilschutz muss sech op Katastrophe virbereeden

CGDIS

Bärbelefeier vum CGDIS: Zivilschutz muss sech op Katastrophe virbereeden

Haut war déi drëtt national Bärbelefeier vum CGDIS am Cercle Cité an der Stad. De CDGIS wier nach an der Opbauphas, esou de Generaldirekter Paul Schroeder, dofir misst weiderhi rekrutéiert ginn.

auto_stories

1 min

Foto: Ana Angel

Eng 1.000 Beruffs- an eng 6.000 fräiwëlleg Pompjeeë schaffe momentan fir de CGDIS. Den nationalen Zivilschutz misst sech virbereeden. Ënner anerem op zukünfteg Naturkatastrophen.

Och mat Bléck op den Ugrëffskrich an der Ukrain, an déi domat verbonne Risike fir Europa, misst och zu Lëtzebuerg de Bevëlkerungsschutz ausgebaut ginn, esou de Paul Schroeder. Dobäi wier d'Zesummenaarbecht tëscht dem Militär an dem CGDIS essentiel.

Den Inneminister Léon Gloden huet iwwerdeems ugekënnegt, datt den LU-Alerte System ab 2025 all éischte Méindeg am Mount, zesumme mat de Sireenen aus de Gemengen, wäert getest ginn.