Well d‘Protester ënnerdréckt goufen hunn elo d‘baltesch Staate reagéiert an national Sanktiounen – dorënner Areesverbueter – géint déi politesch Responsabel a Georgie verhaangen. Dat mellen d‘Ausseminister vun Estland, Lettland a Litauen. Viséiert vun Areesverbueter wieren 11 Persoune, ënnert anerem de georgeschen Inneminister an de Chef vun der Regierungspartei "Georgeschen Dram“.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Baltesch Staaten hunn Areesverbueter géint georgesch Politiker verhaangen
No de Protester a Georgien
Baltesch Staaten hunn Areesverbueter géint georgesch Politiker verhaangen
A Georgien huet de Premier verséchert, d‘Efforte fir der EU bäizetrieden oprecht ze erhalen. Dat nodeems et an de leschten Deeg zu Masseprotester a Georgie koum, well d‘Regierung hire pro-europäesche Kurs net méi poursuivéiere wéilt.
auto_stories
1 min
Foto: picture alliance / photothek | Thomas Trutschel