De Lëtzebuerger Pavillon hätt zu Spëtzenzäiten 2.250 Visiteure pro Dag gehat, wat enger Auslaaschtung vu 95 Prozent entsprieche géif. De Lëtzebuerger Ausseministère wäert sech och dofir ausschwätzen, datt Lëtzebuerg bei der Weltausstellung 2030 zu Riad a Saudi-Arabien mat dobäi ass.
"De Commerce extérieur ass amgaangen eng Note ze preparéieren, wou mer géife prekoniséieren, dat ze maachen. D'Decisioun gëtt am Regierungsrot och geholl. Mee mir sinn der Meenung, datt esou Opportunitéite wichteg sinn. Japan,(...), ass e Wirtschaftspartner an déi Zuele beweisen, datt et och wichteg war, déi Lienen ze soignéieren."
Et wier eng Win-Win-Situatioun, esou nach den Handelsminister Xavier Bettel. Verschidde Leit géife just Käschte gesinn, mee et wier wierklech wichteg dat een de Lien géif soignéieren huet hien nach eng Kéier betount.