arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bad Bunny kritt de Präis fir de beschten Album a kritiséiert a senger Ried d'ICE

Musek

|
headphones

1 min

Bad Bunny kritt de Präis fir de beschten Album a kritiséiert a senger Ried d'ICE

Bei de Grammy Awards an der Musek goung de Präis fir beschten Album un de Bad Bunny aus Puerto-Rico. Dat fir säin Album „Debí Tirar Mas Fotos“. Et ass déi éischte Kéier, datt dee Präis un en Album goung, dee ganz op Spuenesch gesonge gëtt.

headphones

1 min

© EPA/CHRIS TORRES
(Foto: EPA/CHRIS TORRES)

A senger Ried bei de Grammyen huet de Bad Bunny dem Donald Trump seng Immigratiounspolitik kritiséiert a gefuerdert, datt d‘Agente vun der Immigratiouns-Agence ICE aus Minneapolis an anere Stied zréckgezu misste ginn.

De Bad Bunny trëtt d‘nächst Woch an der Super Bowl Halbzeit op.

Weider Präisser gouf et ënner anerem fir d‘Billie Eilish. Si krut de Grammy fir dat bescht Lidd fir de Song „Wildflower“. Déi brittesch Sängerin Olivia Dean gouf mam Grammy fir bescht nei Musikerin ausgezeechent.