Et geet ëm Autoen, déi beim Parke mat zwee Rieder um Trottoire stinn an do de Foussgänger d‘Plaz ewech huelen.
A villen däitsche Gemenge gëtt dat implizitt erlaabt. Mam Geriichtsurteel elo kruten d‘Awunner awer d‘Recht, sech ze wieren, a vun den Autoritéiten ze verlaangen, datt si géint Autoen intervenéieren, déi zum Deel um Trottoir stinn.