Bei senger Visitt beim Graf vum fréiere belsche Kinnek Baudouin sot de Poopst, hie géif dem Baudouin säi Courage begéissen, well hien 1990 dat "mäerderescht“ Ofdreiwungsgesetz net ënnerschreiwe wollt. Dat hat deemools zu enger institutioneller Kris geféiert.
De belsche Centre d‘action laïque huet an dem Poopst seng Ausso schaarf kritiséiert an d‘Regierung interpelléiert. Si misst kloer stellen, datt dat inakzeptabel wier. De Centre d‘action laïque sot an engem Communiqué, dem Poopst seng Ausso wier eng Provokatioun, well grad deen Dag och den internationalen Dag fir d‘Recht op Ofdreiwung ass.
Poopst: D‘Fra ass Fra
Op der Uni vu Louvain koum eng weider Ausso dobäi, déi op Kritik gestouss ass. Et goung dobäi ëm d'Roll vun der Fra. D‘Fra wier fruchtbar Opnam, Virsuerg an Higab, esou de Poopst. Et wier ellen, wann d‘Fra sech zum Mann wéilt maachen, esou de Chef vun der kathoulescher Kierch. D‘Fra wier Fra, an dat wier wichteg.
D'Uni selwer huet protestéiert. D‘Rektorin vun der Uni, d‘Françoise Smets, sot, si wieren net d‘Accord mat dëser deterministescher a reduzéierender Positioun. Och Männer kéinte sech ëm d‘Famill këmmeren.
Haut um Sonndeg ass de leschten Dag vun der Poopstvisitt. De Moien um 10 Auer ass zu Beissel eng Mass am Stade Roi Baudouin, fir déi 40.000 Leit erwaart ginn.