De gréissten Deel u Gas kënnt iwwer Pipelinen aus der Belsch.
A ganz Europa gëtt aktuell vill Gas akaf fir d’Späichere virum Wanter ze fëllen. Wéinst der onsécherer Situatioun bei der Strooss vun Hormus sinn déi Präisser awer geklommen. De Lex Delles erkläert wat ënner anerem d’Präisentwécklung matbestëmmt:
"Et ass esou, datt d'Gasreserven oder d'Gasfournisseuren sech da previsionéieren iwwer eng gewëssen Zäit, an do ass och schonn eng gewësse Quantitéit vu Gas, fir 2027 virdrun, virun der Strooss vun Hormus, akaf ginn. An dee war zu engem vill méi niddrege Präis."
Dofir misst gekuckt ginn, wéi genee de Ratio tëschent dem vill méi bëllege Gas par rapport zu dem méi déiere Gas schliisslech wäert asufalen, esou nach den DP-Minister.
Lauschtert hei déi ganz Erklärunge vum Minister Lex Delles