arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aus vum Verbrenner-Aus: Wat hält ee beim ACL dovun?

Mobilitéit

|
headphones

3 min

headphones

6 min

play_arrow

Aus vum Verbrenner-Aus: Wat hält ee beim ACL dovun?

Et deit alles drop hin, wéi wann elo awer och no 2035 nach weider nei Autoe mat engem Verbrennermotor an der EU kënne verkaf ginn. Déi richteg Decisioun, oder e Schratt an déi falsch Richtung? Den Automobile Club Lëtzebuerg gesäit jiddwerfalls e puer Virdeeler an dëser Entscheedung.

headphones

3 min

headphones

6 min

play_arrow

D'EU-Kommissioun huet gëschter um Dënschdeg annoncéiert, datt se de Verbrennerverbuet wëllt kippen, dee se virun dräi Joer nach selwer an d'Wee geleet hat.

Klimaziler wäerte wuel mussen no hanne réckelen

De Frank Maas, Mobilitéitsexpert vum ACL, betount am 100,7-Interview, datt dës Mesure et erméigleche kéint, datt weider Technologien der Villfalt vum Bedarf vun de Verbraucher entgéint komme wäerten. Dat wier "u sech eng positiv Saach".

"Op där anerer Säit ass et fir eis ganz wichteg, datt ënner alle Konditiounen een Zougang zu individueller Mobilitéit muss gi sinn, datt se muss erschwénglech bleiwen, an dat natierlech am Respekt och vun der Ëmwelt."

De Frank Maas weess awer och, datt doduerch d'Klimaziler vun der EU "no hanne réckele wäerten". D'Technologie-Oppenheet soll awer ëmmer am Respekt vun der Ëmwelt geschéien. 

"Doduerch wier et zum Beispill och gutt gewiescht, wann elo alternativ Kraftstoffer gefërdert gi wieren, dëst wier schonn eleng wichteg gewiescht, fir zum Beispill d'CO2-Begrenzung beim Verbrennerbestand och ze erreechen."

D'Elektromobilitéit bleift déi gréissten Hoffnung, seet de Mobilitéitsexpert

Lo ass et natierlech net esou, wéi wann d'Autosconstructeure kéinte maachen, wat si wëllen no 2035. Si mussen hir CO2-Emissiounen däitlech reduzéieren. Just 10 Prozent vun den Emissiounen dierfen doriwwer eraus nach iwwreg bleiwen. An déi 10 Prozent, déi kënnen dann zum Beispill vu Verbrennermotore gemaach ginn.

Fir beispillsweis d'Loftqualitéit ze verbessere wier natierlech d'Elektromobilitéit "kloer am Virdeel", seet de Frank Maas. A warscheinlech géing och d'Entwécklung weider an déi Richtung goen. Beim ACL geet een dofir dovun aus, datt d'Elektormobiliitéit sech op laang Siicht duersetze wäert.

"Dat kann ee souwisou iwwerall e bësse gesinn, och an der Industrie - do si jo och Virkéierunge scho getraff ginn - d'Elektromobilitéit och eeben an den nächste Joren als vläicht déi féierend Motorisatioun trotzdeem ze gesinn."

Et kéint dofir och ganz gutt sinn, datt no 2035 souwisou kee méi un engem Verbrennermotor intresséiert ass, mengt de Frank Maas. Dobäi kéim, datt den Elektromotor sech rasant entwéckelt. 

Ass den Zäitgewënn de gréisste Benefice?

Mee firwat dann awer net elo scho kloer d'Weiche stellen? Den Drock, datt dat geschitt, wier souwisou do, mengt ee beim ACL. An hei geet een och dovunner aus, datt dat geschitt. Elo hätt ee virun allem mol Zäit gewonnen.

"Déi Mesure, déi gëschter geholl ginn ass, ass natierlech och fir d'Zulieferer a fir d'Industrie eng kleng Chance fir wéineg méi Zäit ze hunn, fir sech och op d'Elektromobilitéit kënnen ëmzestellen."

De Mobilitéitsexpert vum ACL hofft iwwerdeems, datt een an e puer Joer gläich e puer Technologien um selwechte Stand huet.

play_arrow Lauschteren