D’Zil vun der EU-Kommissioun ass et, d’Zuel u Verkéiersaccidenter an Affer ze reduzéieren. D’Kommissioun geet dovun aus, datt eng Inspektioun all Joer zu engem Réckgang vun engem Prozent bei den Doudesaffer a Blesséierten am Stroosseverkéier kéint féieren.
Autoe mat engem méi héijen Alter sinn Etüden no méi dacks an Accidenter verwéckel. Dës Autoe fale méi dacks aus, a verursaachen och méi schiedlech Emissiounen.
Dës proposéiert nei Reegel muss nach vum Europaparlament a vun den EU-Memberstaaten approuvéiert ginn, éier si kann a Kraaft trieden.