D'Stad gëtt an enger grousser Offensiv vun der israeelescher Arméi ageholl.
Dat stéisst international op grousse Protest. D'EU-Kommissioun huet gëschter ee entscheedende Sanktiounspak géint Israel proposéiert, fir den Drock op déi israeelesch Regierung ze erhéijen.
Den EU-Conseilspresident Antonio Costa war um Mëttwoch zu Lëtzebuerg, beim Premier Luc Frieden. Béid Politiker hu kloergemaach, datt si d'Propose vun der EU-Kommissioun ënnerstëtzen. Dëst wier e wichtege Schrëtt, deen awer net einfach wier. Deen neie Sanktiounspak géif sech net géint dat israeelescht Vollek riichten, mee géint d’Politik vun der Regierung zu Tel Aviv, gouf preziséiert.