Déi lescht zwee Weekender hunn d’Deputéiert a Frankräich keng Paus gemaach fir beim Budget weiderzekommen.
Den 23. November ass den Delai fir de Budgetstext, deen duerno un de Senat weidergeet, egal ob et an der Assemblée Nationale e Vott iwwer dëse gouf. Um Donneschdegowend hat d’Regierung annoncéiert, datt een dëse Weekend awer eng Paus vun zwee Deeg géing aleeën, well d’Deputéiert eng Auszäit brauchen.
Kritik vun an un der Gauche
Eleng e Méindeg stinn awer dowéinst iwwer 1.600 Amendementer um Programm, déi diskutéiert musse ginn. E Vott iwwer de komplette Budgetstext schéngt den Ament onwarscheinlech aus Zäitgrënn.
Datt d’Regierung dëse Samschdeg a Sonndeg eng Paus aleet, gëtt vun der Gauche staark kritiséiert. Besonnesch d’Lénkspartei LFI an d’Ekologisten hunn der Regierung virgehäit, dës Paus anzesetze fir op Zäit ze spillen an ee Vott ze verhënneren.
De Premier Sébastien Lecornu hat jo versprach, net vum ëmstriddenen Artikel 49.3 Gebrauch ze maachen ewéi seng Virgänger. Der Gauche no probéiert hien awer elo ee Vote ze ëmgoen, andeems hien d’Zäit fir den Debat verkierzt.
D’Regierung sot hirersäits, datt alles sou laang géing daueren, well d’Gauche esou vill Amendementer agereecht huet.