De Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft an de Syndikat Ëffentlechen Déngscht vum OGBL fuerdere méi konkret Mesurë géint Mobbing an der Fonction Public.
An hirer Ëmfro wier iwwerdeems erauskomm, datt vill vun den Harcèlementer vum Superieur hierarchique géifen ausgoen. Am Code de la Fonction publique wier Mobbing haaptsächlech duerch d’Auswierkungen op d’Affer beschriwwen an net duerch d’Handlungen déi dozou féieren, esou nach d’Kritik vu béide Syndikater vum OGBL.
Mobbing soll am Code de la fonction public definéiert ginn
Ënner anerem fuerderen den SEW an de Syndikat ëffentlechen Déngscht vum OGBL konkret eng onofhängeg Ulafstell fir Affer vu Mobbing, esou d’Joëlle Damé, Presidentin vum SEW.
Si géifen elo erwaarden, datt d'Politik handelt.
"Mir brauchen eng kloer inhaltlech Definitioun vum Mobbing am Code de la fonction publique, d'Schafung vun enger onofhängeger Ulafstell mat Enquêteur à charge et à décharge, e staarke gesetzleche Schutz géint d'Repressalie fir all Persoun, déi eng Prozedur am Kontext Mobbing lancéiert, geziilte Formatiounen a Sensibiliséierung fir Direktiounen an all Persoun mat d'Verantwortung an eng systematesch Informatioun vun allen Agenten iwwert hir Rechter a Méiglechkeeten, inklusiv zum Beispill d'Prozedur vun der Réclamation."
Iwwerdeems wier, Stand elo, eng Enquête am Beräich vum Harcèlement moral vum Gesetz hier nëmme bei engem Disziplinarverfaren méiglech.