Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Asiatesch Boursse reagéiere panesch op amerikanesch Importtaxen

Am fräie Fall

Asiatesch Boursse reagéiere panesch op amerikanesch Importtaxen

Op de Finanzmäert gëtt et weider Panik wéinst den amerikaneschen Importtaxen, déi den Donald Trump imposéiert huet. An Asie waren d'Bourssen um Méindegmoien am fräie Fall: Hongkong huet bei der Ouverture bal 10 Prozent verluer, de Nikkei a Japan ass ëm iwwer 7 Prozent gefall.

auto_stories

1 min

© Bigstock/Songquan Deng
(Foto: Bigstock/Songquan Deng)

Op den amerikanesche Boursse war et d'lescht Woch schonn eng änlech Situatioun.

Den amerikanesche President Donald Trump huet d'Taxen awer nach emol verteidegt: "Heiansdo misst ee Medikamenter huelen, fir datt et besser gëtt", sot hien am Air Force One Fliger viru Journalisten.

Zënter virgëschter ass eng universell Tax vun 10 Prozent fir déi meescht Importer an d'USA a Kraaft. Iwwermuer sollen zousätzlech Stroftaxen a Kraaft trieden, dorënner 20 Prozent fir d'EU an eng weider 34 Prozent fir China.

Méi wéi 50 Länner hätte Washington scho kontaktéiert fir mat den USA iwwer déi Taxen ze verhandelen, sot de Finanzminister Scott Bessent an engem Interview mam Sender NBC.