arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aschätzunge vu Cúcuta: Kee Chaos, mee d'Zukunft vu Venezuela bleift ongewëss

Ugrëff op Venezuela

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Aschätzunge vu Cúcuta: Kee Chaos, mee d'Zukunft vu Venezuela bleift ongewëss

D'Zukunft vu Venezuela bleift nom US-Ugrëff op d'Land immens ongewëss. Am Venezuela koum et net zum Chaos, och gëschter um Sonndeg war et am ganze Land roueg. Kee Kampf fir d'Muecht nom Maduro ass bis elo entstanen.

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow
Grenz tëschent Kolumbien a Venezuela | © EPA/MARIO CAICEDO
Grenz tëschent Kolumbien a Venezuela (Foto: EPA/MARIO CAICEDO)

Op de verschiddene Brécken, déi d’Grenziwwergäng tëschent Kolumbien a Venezuela bilden, ass et de ganz normalen Trafic.

Foussgänger, Autoen, Motoen, Busser déi hir deeglech Faarten a béid Richtunge maachen, tëschent dem stabille Kolumbien an der politescher Ongewëssheet a Venezuela.

Wéi reagéiere d'Venezuelaner?

D’Venezuelaner wëssen net esou richteg, wei si reagéiere sollen, oder dierfen. Kann ee sech trauen, frou ze sinn, iwwer en Enn vum Nicolás Maduro, wa säi Regimm nach ëmmer steet, d’Regierung wackelt bis elo net.

Op der kolumbianescher Säit vun der Grenz, dës Säit vun der Bréck, déi nom Befreier vu béide Länner vum Kolonialismus, dem Simon Bolivar benannt ass, stinn e puer méi kolumbianesch Zaldoten, a ganz vill Journalisten.

Era komme mir net an d’Land, fir erauszefannen, wéi sech Venezuela nom Maduro ufillt. Um Pabeier feelt zwar de President, mee seng Vizepresidentin Delcy Rodriguez schéngt mat der Ënnerstëtzung vun der Arméi dee Rôle iwwerholl ze hunn, a si gleeft fest un de sozialistesche Staat an d’Politik vun Hugo Chavez a Nicolás Maduro.

Drounge géint d'Vizepresidentin vum Trump 

Si steet awer och ënner Drock vu baussen.

Den US-President Donald Trump léisst si gär un der Muecht, wa si der neier amerikanescher Politik a Venezuela net am Wee steet. Si soll den Drogeschmuggel stoppen an d’USA un déi venezuelanesch Uelegreserven eruloossen. Wann net, da kéint et fir si nach méi Schlëmm komme wéi fir de Maduro, seet den Donald Trump.

Aner Länner sollen sech och Suerge maachen: eng änlech Aktioun a Kolumbien héiert sech gutt un, seet den Trump, an den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio seet, Kuba soll sech och Suerge maachen.

A Venezuela kann een d’Gefill iwwerdeems esou resuméieren: ofwaarden a kucken an hoffen, ob eng besser Zukunft nom Maduro un der Muecht méiglech ass.

Aschätzunge vun eisem Korrespondent Philip Crowther 

play_arrow Lauschteren