Zu hire groussen Challengë gehéiere laut Communiqué d'Dekarboniséierung an d'Zukunft vun de Lëtzebuerger Wierker. D'Valérie Massin war och scho bei den Tripartiteverhandlungen "LUX 2021" an "LUX 2025" derbäi.
Bëssi manner wéi 3.200 Leit schaffe bei ArcelorMittal op de Sitte Belval, Déifferdeng, Dummeldeng, Rodange a Biissen. Bis Enn 2025 sollen et der nach 3.000 sinn.