arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Appell vum SEW-OGBL: Mindestloun, REVIS a Mindestrent mussen ugepasst ginn

Educatioun

|
reading time

1 min

Appell vum SEW-OGBL: Mindestloun, REVIS a Mindestrent mussen ugepasst ginn

De Syndikat fir Erzéiung a Wëssenschaft (SEW-OGBL) mécht een Appell fir eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun. Parallel dozou missten och de REVIS an d’Mindestrent ugepasst ginn, esou heescht et an engem Schreiwes.

reading time

1 min

© picture-alliance / Image Source | Image Source/Kaifer Peinemann
(Foto: picture-alliance / Image Source | Image Source/Kaifer Peinemann)

D’Net-Erhéijung vum Mindestloun géif d’Kanneraarmut an d’Bildungsongläichheete verschäerfen, esou titelt den SEW hire Communiqué. Et wier onverantwortlech vun der Regierung de Mindestloun net strukturell ze erhéijen, dat am Kontext vun de steigende Liewenskäschten.

Kanner um Aarmutsrisiko

Iwwerdeems erënnert den SEW drun, datt all véiert Kand zu Lëtzebuerg vum Aarmutsrisiko betraff ass.

“Dës Ongläichheeten hunn en direkten Impakt op d’Léiere, d’Wuelbefannen an d’Entwécklung vun de Schüler, an domat och d’Bildungschancë vun eise Schüler.”

D’Allocation de vie chère misst indexéiert ginn an et misste konkret Mesuren am Logementssecteur geholl ginn.

All déi Mesurë wieren onëmgänglech fir géint Kanneraarmut virzegoen an d’Bildungschance vun alle Kanner ze stäerken, esou nach den SEW.