search

/ Appel à candidatures fir fräie Posten am Staatsrot lancéiert

Chamber

|
reading time

1 min

Appel à candidatures fir fräie Posten am Staatsrot lancéiert

D’Chamber huet haut offiziell den Appel à candidatures fir ee vun den zwee fräie Posten am Staatsrot lancéiert, dat huet de Chamberpresident Claude Wiseler de Mëtteg beim Optakt vun der Sitzung matgedeelt.

reading time

1 min

Chamber | © Chambre des Députés / flickr
Chamber (Foto: Chambre des Députés / flickr)

D’LSAP-Deputéiert a fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat an e puer Interviewen erkläert, datt si un deem Poste kéint interesséiert sinn. Dee war fräi ginn, well den Yves Wagener dee fir déi gréng am Staatsrot souz säi Posten opginn huet.

De Profil verlaangt entweder eng Persoun mat engem Héichschoulofschloss am Droit a mat Beruffserfarung am Verwaltungsrecht an am Recht vum ëffentlechen Déngscht oder enger Spezialiséierung op Gesellschaftsrecht.