Radioen

On air

Notturno  |  Foals - Two Steps, Twice

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Anti-Mobbing-Coursen an der Primärschoul

Educatioun

Anti-Mobbing-Coursen an der Primärschoul

Mobbing ass leider nach ëmmer e grousst Theema an de Lëtzebuerger Schoulen. Esou grouss, datt den Olivier Betz d’Organisatioun "Clever Kanner" gegrënnt huet an a Schoulen a Maison-relaise geet, fir Coursen ze ginn, déi Kanner zum Theema Mobbing sensibiliséiere sollen. 

auto_stories

4 min

headphones

4 min

© Anke Thomass / Adobe Stock play_arrow
Foto: Anke Thomass / Adobe Stock

Mir befannen eis an engem Klassesall zu Wolz. D'Kanner aus engem 4. Schouljoer hu grad eng vun de sëllegen Aktivitéite gemaach, déi an dësem Sensibiliséierungscours zum Theema Mobbing um Programm stinn. 13 Kanner maachen haut beim Cours mat. D'Theema Mobbing ass och an der Schoul zu Wolz e grousse Sujet, erkläert eis d'Educatrice vun der Klass.

"A mir hunn hei effektiv e puer Fäll, wou mir net méi weiderwëssen, a wou mir mat eisem Latäin um Enn sinn. An dofir wollte mir mol een externen eranhuelen, deen e bëssen neutral ass. Do si mir op den Här Betz komm."

Eng spilleresch Aart a Weis

Den Här Betz, dat ass den Olivier Betz. Hien ass ënner anerem ausgebilte Fammilljecoach a Mobbingpreventiounsberoder. Hien erkläert, wéi esou ee Cours bei der Organisatioun "Clever Kanner" bei him ausgesäit.

"Et ass einfach, datt ech op eng spilleresch Aart a Weis de Kanner eebe bäibréngen, wéi si sech solle verhalen am Fall vu Beleidegungen oder am Fall, wou si eppes ewechgeholl kréien oder wann ee si aggresséiert. Et sinn eeben esou verschidden Theemen, wéi ech op eng spilleresch Aart a Weis mat de Kanner vill Theater spillen, an och wéi si vill Übunge gewise kréie vu mir, wéi si sech kënne verhalen am Fall wou."

Mol spillt den Olivier Betz Trommel an d'Kanner mussen danzen. Wann d'Getrommels dann ophält, musse si stoe bleiwen an dem Coach an d'Ae kucken.

Den Olivier Betz ass ënnert anerem ausgebilte Fammiljecoach a Mobbingpreventiounsberoder. | © Jo Welfringer
Den Olivier Betz ass ënnert anerem ausgebilte Fammiljecoach a Mobbingpreventiounsberoder. (Foto: Jo Welfringer)

Zu sengem Cours gehéieren awer och Gedankenexperimenter: Eng Méck nervt, a Schof loosse sech dovun nerven a mäen dann. E Léiw par contre léisst sech net vun enger Méck op d'Nerve goen a bleift roueg. D'Moral vun der Geschicht ass, datt ee sech soll wéi de Léiw verhalen. Domat waren d'Kanner och averstanen, well schliisslech wëllt jiddereen e Léiw sinn a kee Schof.

Zougang zu de Kanner fannen

Eng Léier hunn d'Kanner also schonn aus dem Cours gezunn. D'Educatrice vun der Wëlzer Klass hofft, dat de Cours wäert nohalteg säin Zweck erfëllen.

"Et wier schéin, wann et e Startschoss wier an déi richteg Richtung, well ech mir net virstelle kann, datt elo op véier Stonnen alles gehal ass an näischt méi ass. Ech géif mir einfach wënschen, datt d'Kanner ufänken nozedenken an eventuell e bëssen eng aner Aart a Weis hunn, Saachen unzegoen. Dat wier schéin."

Wichteg wier, erzielt den Olivier Betz, deen de Cours hält, een Zougang zu de Kanner ze fannen. Zu Wolz huet dat op den éischte Bléck geklappt. An och wann hie bei senge Coursen dacks mat méi schwierege Gruppe vu Kanner ze dinn huet, denkt hien, datt hie vill Kanner erreechen an hinne mat senger Aarbecht hëllefe kann.

"Meeschtens ginn ech no engem Cours mat engem ganz gudde Gefill eraus. Ech muss och soen, heiansdo hunn ech och Kanner, wou ech einfach scho vun Ufank u mierken: Dat dote Kand, dat hëlt näischt mat. Dat wëllt net nolauschteren. Dat wëllt sech näischt soe loossen."

Bei deene meeschte Kanner wier dat awer net de Fall. Eng grouss Majoritéit - 95 Prozent schätzt den Olivier Betz - lauschtere gutt no an huele sech dat Gesoten zu Häerzen.

Lauschterenplay_arrow

Wat maachen d'Schoule géint Mobbing?

An eiser Emissioun "Den Hallwer Néng" hu mir d'Natalie Keipes, d'Direktesch vum schoulpsychologeschen Déngscht fir d'Lycéeën, gefrot, wat d'Schoule géint Mobbing maachen.

Lauschterenplay_arrow