Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Charlatans - The Only One I Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu wéi engem Alter u soll mäi Kand een Handy hunn?

Educatioun

Vu wéi engem Alter u soll mäi Kand een Handy hunn?

Keen Ecran fir Kanner ënner dräi Joer, an duerno eng ganz lues Eruféierung un déi digital Medien. Dat ass dem renomméierte Psychiater Dr. Serge Tisseron säi Rot. Alles anescht hätt en negativen Impakt op hir Entwécklung.

auto_stories

6 min

headphones

16 min

Serge Tisseron | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Psychiater Dr. Serge Tisseron. (Foto: Jo Diseviscourt)

Zënter ville Jore schonn ass de franséische Psychiater Serge Tisseron eng Referenz um Gebitt vun der Kannererzéiung an den Impakt, deen d’Digitaliséierung op d’Erzéiung kann hunn. Um Donneschdegowend hat hien hei zu Lëtzebuerg eng Konferenz gehalen. Säi Message ass kloer: Den Handy- oder Tëleesecran kann eng Gefor fir kleng Kanner duerstellen.

0 bis 3 Joer: Eng kruzial Period

Keen Ecran virum Alter vun dräi Joer: Dat ass dem Serge Tisseron säin allgemenge Rot. All Kompetenzen, déi een als Erwuessenen huet, hätt een als Kand geléiert. Wann een als Kand also net léiert, sech ze konzentréieren, da wäert een och spéider hi Problemer domadder hunn, esou d’Logik vum Psychiater. Konkret kéint dëst zu Konzentratiounsschwächen an der Schoul féieren.

D’Period tëschent 0 an 3 Joer wier aussergewéinlech, seet de Serge Tisseron, well d’Gehier immens vill wiisst. Et wier och ganz opnamefäeg, fir nei Saachen ze léieren: Kommunikatioun, d’Entwécklung vun der Motricitéit, d’Capacitéit fir sech am Raum ze beweegen, an – wéi schonn ugeschwat – léiere fir sech ze konzentréieren.

D'Owesiessen ass helleg

Wat d’Alterstranche vu 6, 9 respektiv 12 Joer ugeet, géing d’Ofwiesslung eng grouss Roll spillen. De Psychiater zitt de Verglach mat der Ernierung: Et soll een am beschten e bësse vun allem iessen. Konkret sollen d’Kanner also lues a lues un Ecranen erugeféiert ginn. Grad am Ufank wier et wichteg, datt dat a Begleedung mat den Eltere geschitt. Et kéint een zum Beispill zesumme Videospiller spillen, schléit de Serge Tisseron vir.

An awer solle kloer Limitte gezu ginn. Eng dovunner ass dat gemeinsaamt Owesiessen. Et wier extrem wichteg, datt een zesummen als Famill sech owes um Iessdësch zesummefënnt, an datt d’Handyen do fortgelooss ginn. Hei wier nämlech de Moment fir sech auszetauschen, esou de Serge Tisseron. Eng rezent Etüd vun 2024 hätt esouguer bewisen, datt Kanner aus Famillen, déi dat maachen, besser kognitiv Capacitéiten entwéckelen.

Um Iessdësch soll den Handy verbuede ginn, esou de Serge Tisseron. | © Adobe Stock
Um Iessdësch soll den Handy verbuede ginn, esou de Serge Tisseron. (Foto: Adobe Stock)

Déi zweet grouss Limitt: Den Handy owes mat bei d’Bett huelen. Dat wier och een No-Go, seet de franséische Psychiater. An d’Eltere sollen hei och ee Virbild sinn, an hiren Handy och baussent der Schlofkummer loossen. A wann een den Handy als Wecker benotzt, da sollt ee sech einfach ee ganz normale Wecker kafen, esou de Rot vum Serge Tisseron.

Natierlech kéint et virkommen, datt een d’Kand mol fir e puer Minutte virun den Ecran setzt, well et grad net aneschters geet. Dat wier och net schlëmm, seet de Serge Tisseron, soulaang een déi "verlueren" Zäit och nees gutt mécht, andeems ee sech duerno Zäit hëlt fir mam Kand ze interagéieren.

Keng Plaz fir Handyen am Klassesall

Zu Lëtzebuerg ginn Handyen an der Grondschoul verbueden. Wéi et am Lycée da viru geet, ass manner kloer. De Serge Tisseron fënnt awer, datt dës gutt Mesurë sinn. An der Schoul misst een nämlech eng Distanz tëschent dem Schüler oder der Schülerin, an dem Handy opbauen.

Datt Kanner een Handy mat an d’Schoul huele wier och net de Problem. Schliisslech rassuréiert et d’Elteren och. Mee am Klassesall hätt den Handy näischt verluer. Souguer wann en an der Täsch bleift wier et nach ëmmer eng potentiell Oflenkungsgefor, seet de Psychiater.

Spéider am Lycée kéint den Handy och an de Cour mat agebonne ginn, wann et ëm d’”éducation numérique” geet. Dës géif och ëmmer méi wichteg ginn. Grad an Zäite vun der kënschtlecher Intelligenz géingen am Internet ganz vill Fale laueren, op déi d’Kanner erafale kéinten.

Am Klassesall kann den Handy eng grouss Oflenkungsgefor duerstellen. | © Adobe Stock
Am Klassesall kann den Handy eng grouss Oflenkungsgefor duerstellen. (Foto: Adobe Stock)

Eltere musse sech austauschen

An der Theorie kléngen dës Recommandatiounen natierlech ganz gutt. An der Praxis kann et awer ganz aneschters ausgesinn. Eltere wësse ganz gutt, wéi schwéier et ass, dem Drock vum Kand oder vun der Gesellschaft net nozeginn. Wat soll een also maache wann d’Kand seet, datt all seng Kolleegen och Handyen hunn, oder schonn op de Soziale Medien ënnerwee wieren?

Fir de Serge Tisseron ass kloer, datt et hei op d’Kommunikatioun ënnert den Elteren ukënnt. Déi misste sech nees vill méi mateneen austauschen. Da géing ee rausfannen, wéi vill Kanner dann effektiv schonn een Handy hunn, a wéi dat Theema an anere Famille gehandhaabt gëtt. Etüden hätten och gewisen, datt wann den Handy bis ecartéiert ass, d’Kanner och kee Problem hu fir sech ze beschäftegen.

Dobäi kënnt, datt et net just drëms geet, een Alter festzehalen.

“Ils (les parents) doivent prendre conscience que les enfants sont exposés aux choses qui échappent aux parents.”

Eng iwwerdriwwe Kontroll - Geolokalisatioun oder kontrolléieren, wat d’Kanner um Internet gekuckt hunn – kéint och kontraproduktiv sinn, betount de Serge Tisseron: “Les enfants vont gagner”. Etüde géinge weisen, datt Kanner, déi esou Kontrollen ausgesat sinn, dozou tendéieren hir Elteren ze beducksen. Dat zum Beispill mat Fakeprofiller.

Ënnert dem Stréch ass fir de Psychiater kloer, datt Kanner virun 12 Joer keen Handy solle hunn, an net viru 15 Joer op de Soziale Medien ënnerwee solle sinn. Dat wichtegst awer: D’Eltere mussen ee gutt Virbild sinn.