Och Haiser goufen ugefaangen a Leit hu missen a Sécherheet bruecht ginn. Déi riets Randaléierer hunn och islamfeindlech Spréch op d'Fassade gesprayed.
Zu den Onroue koum et, nodeems eng Persoun bei enger Messerattack schwéier blesséiert gouf. De presuméierten Täter ass een 30 Joer ale Mann aus dem Sudan. Hie gouf wéinst versichtem Mord ugeklot.
D'Famill vum Affer huet elo een Appell gemaach fir roueg ze bleiwen.
De brittesche Premier Keir Starmer huet vu schockanten an inakzeptabelen Zeene geschwat, déi direkt missten ophalen.