Selbstverständlech géif een all Moossnam ënnerstëtzen, déi zur Deseskalatioun féiert, an all Moossnam, déi zu Wirtschaftswuesstem féiert. Dat huet de Finanzminister de Moien am 100,7-Interview erkläert.
Deemno ass de Gilles Roth zefridden, datt den US-President ugekënnegt huet, awer keng nei zousätzlech Douanestaxe géint aacht NATO- an EU-Memberstaate wëllen ze verhänken.
"Alles, wat Europa betrëfft, alles dat, wat virun allem eis grouss Nopeschlänner, an dat ass Frankräich an Däitschland betrëfft, dat huet direkt oder indirekt ëmmer een Afloss op Lëtzebuerg.”
Däitsch Autosindustrie a franséische Schampes betreffen och Lëtzebuerg
Als Beispiller nennt de Gilles Roth déi däitsch Autosindustrie vun där och lëtzebuergesch Betriber ofhängeg sinn, well si Komponente brauchen. An och wann de franséische Schampes méi deier gëtt, hätt dat Implicatiounen op Lëtzebuerg.
Den US-President Donald Trump hat um Mëttwoch, no engem Gespréich mam Mark Rutte, matgedeelt, datt et ee Kader fir een zukünftegen Accord iwwer Grönland an iwwer d’Arktis géif ginn. Op Basis dovu géif hien déi zousätzlech Douanestaxen aussetzen, déi hien e Samschdeg ugekënnegt hat.