/ Ännerunge bäi den Energiepräissubventiounen drécken d'Inflatioun ëm 1,2 Prozentpunkten an d'Luucht
Impakt op d'Präisentwécklung
Ännerunge bäi den Energiepräissubventiounen drécken d'Inflatioun ëm 1,2 Prozentpunkten an d'Luucht
D’Ophiewe vum Präisdeckel op de Gas an op de Mazout an eng partiell Deckelung vum Stroumpräis dat nächst Joer, wäerten 2025 een Impakt vu plus 1,2 Prozentpunkten op d’Inflatioun hunn. Dat huet den Premier Luc Frieden de Mëtteg an der Chamber op eng Fro vun der grénger Deputéiert Sam Tanson geäntwert.
0,5 Prozentpunkte sinn et wéinst der partieller Deckelung vun 30 Prozent op de Stroumpräis. D’Inflatioun geet ëm 0,5 Prozentpunkten an d’Luucht wéinst der Hausse vum Gaspräis an 0,2 Prozentpunkte sinn et wéinst dem Mazout.
De Fait datt déi geplangte Präishausse vun 60 Prozent um Stroum ëm d’Hallschent vum Staat gedeckelt gëtt, hätt och een Impakt op d’Erfale vun der Indextranche, déi ëm 3 Méint no hanne verréckelt géif ginn, esou de Luc Frieden.